Groussraum Mamer14 Camionschaufferen protokolleiert

Eng ganz Partie Camionschauffere goufe protokolléiert well se entweder hir Charge net richteg geséchert haten oder dës ze schwéier war.

Leschten Update: 14.01.2018, 09:30:06

© Police Grand-Ducale

D’Police huet e Freideg am Groussraum Mamer Camione kontrolléiert. 14 Chauffere goufe protokolléiert well ënnert anerem d’Charge net richteg geséchert oder ze schwéier war. Zu Keespelt war ee Chauffer ze séier ënnerwee a muss sech elo viru Geriicht veräntweren. Een aneren hat ee schwéiere Bagger transportéiert, en hat allerdéngs net déi noutwenneg Pabeieren dofir.