EU-KommissiounKeng Steier op e-Zigaretten

D'Alternativ zu der normaler Zigarette gëtt bis op Weideres net besteiert. Iwwer d'Schiedlechkeet géif et ze wéineg Etude ginn.

Leschten Update: 14.01.2018, 09:06:05

© AFP/Archiv/Nicolas Tucat

D’EU-Kommissioun verzicht, fir de Moment mol, op déi EU-wäit Besteierung vun E-Zigaretten. Wéi et e Freideg vun enger Spriecherin heescht, hätt een d’Idee gepréift an decidéiert keng sou Propose ze maachen. Et géifen de Moment ze wéineg Date respektiv Etüden iwwer d'Schiedlechkeet ginn an et kéint een net viraus-soe wéi sech de Marché entwéckele wäert. Ufank 2019 wéilt een sech awer zu deem Sujet nach eemol zesummensetzen.