Neie GesetzesprojetMéi Schutz bei nuklearem Tëschefall

Bei engem nuklearen Tëschefall an engem vun eisen Nopeschlänner sollen d'Lëtzebuerger an Zukunft besser kënnen entschiedegt ginn.

Leschten Update: 15.01.2018, 04:26:37

© afp

Am Fall vun engem engem nuklearen Accident am Ausland sollen d’Awunner aus dem Grand-Duché  méi juristesch Méiglechkeete kréien. Dat ass d’Ziel vun engem neie Gesetzesprojet, deen dëse Freideg presentéiert gouf.  Et muss een deemno net méi d’Schold vum Bedreiwer feststellen, fir entschiedegt ze ginn. Ausserdeem sollen di finanziell Limitte fir Entschiedegungen  opgehuewe ginn. Den Usproch op Entschiedegung soll och eréischt no 30 Joer oflafen. Besonnesch bei méi spéiden gesondheetleche Konsequenzen wéi Kriibs kann dëse laangen Delai eng Roll spillen.