"Dreckslach"-ZitatAfrikanesch Länner fuerderen Entschëllegung

Den US-President Donald Trump huet mat sengen negativen Äusserungen iwwert d'Migrantelänner ee ganze Kontinent géint sech opbruecht.

Leschten Update: 14.01.2018, 11:48:43

© afp

Ee Grupp vun 54 afrikanesche Länner huet den US-President Donald Trump opgefuerdert, sech fir seng Äusserungen ze entschëllegen. Den Trump hat sech en Donneschdeg gefrot, firwat d'USA Immigranten aus "Dreckslach-Länner" ophuele sollten. Hien soll domat di afrikanesch Staaten gemengt hunn, grad wéi Haiti an El Salvador.

Weder e  Spriecher vum Wäissen Haus nach den Trump selwer hunn d'Aussoen saitdeem dementéiert oder sech dofir entschëllegt.