Fréiseng-HellengVëlosfuerer bei Accident schwéier blesséiert

Tëscht Fréiseng an Helleng krut een Auto bei engem Iwwerhuelmanöver ee Vëlosfuerer ze paken.

Leschten Update: 15.01.2018, 05:05:10

© Police

An der Entrée vun Helleng krut een Auto dëse Samschdeg de Moien géint 8h ee Cyclist ze paken. Den Automobilist hat grad ugesat fir z‘iwwerhuelen wéi him e Mann um Vëlo entgéint komm ass. De Mann um Vëlo, deen vu Fréiseng koum, gouf bei der Kollisioun schwéier blesséiert. Wéi d'Police matdeelt, war den Alkoholtest beim Automobilist positiv. 

De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf  geruff. Op der Plaz waren och d'Police vun Diddeleng, d'Pompjeeë vu Fréiseng, d'Ambulanz Beetebuerg an de Samusdokter vun Esch.

© Police