MacronBaguette soll Kulturierwen vun der Mënschheet ginn

De franséische Staatschef huet sech dofir ausgeschwart, dass di franséisch Baguette an d'immateriellt Kulturierwen opgeholl gëtt.

Leschten Update: 15.01.2018, 10:39:09

© afp

De franséische President Emanuel Macron wëllt di franséisch Baguette als UNESCO-Kulturierwen unerkennen loossen.

Dat sot hien dem Radiosender Europe 1. Domat ënnerstëtzt hien eng Fuerderung vum franséische Bäckerverband.

D’UNESCO schützt net just Kultursitten, mee och Danz, Theater, Musek an Traditiounen. Ufank Dezember gouf de „Pizzaiuolo“, also d’Konscht vum Pizzabaaken, an d’Weltkulturierwen opgeholl.