H&M a KritikProtester wéinst rassistescher Werbung

An enger Rëtsch südafrikanescher H&M Filialen ass randaléiert ginn...aus Protest.

Leschten Update: 15.01.2018, 05:04:56

© WIKUS DE WET / AFP

Eng als rassistesch empfonnten H&M Campagne huet a Südafrika fir Protester a Roserei gesuergt. Heibäi geet et em eng Werbung an der e Jong vun donkeler Hautfaarf e Pullover mam Slogan "Coolest Monkey in the Jungle" presentéiert. Bei de Protester ass an enger Rëtsch Filialë randaléiert ginn. Besonnesch schlëmm getraff huet et d’Filialen zu Johannesburg a Kapstadt. H&M huet sech mëttlerweil offiziell entschëllegt an den Artikel aus dem Sortiment geholl.