Jong (9) zu Freiburg mëssbrauchtTäter war der Justiz bekannt

Elo steet net just d'Justiz, mä och di lokal Jugendhëllef a Kritik.

Leschten Update: 15.01.2018, 05:05:15

© FRANZISKA KRAUFMANN / DPA / AFP

Zu Freiburg soll den Haaptverdächtegen an engem Fall vu sexuellem Mëssbrauch dem Parquet am Virfeld scho bekannt gewiergt sinn. Di Zoustänneg Autoritéite stinn elo a Kritik. De Mann krut nämlech wéinst Kannerpornographie de Kontakt zu Kanner verbueden, ass dunn awer bei eng Fra an hire 9 Joer ale Jong geplënnert. De Jong ass vum 39 Joer alen Täter fir sexuell Zwecker verkaf ginn.

D’Mamm vum Jong huet hire Partner bei de "Geschäfter" mat hirem Jong ënnerstëtzt, a setzt mat 7 weidere Verdächtegen an Untersuchungshaft.