Nei Petitiounen deposéiertPetitioun fuerdert en Doudesstäer fir Lëtzebuerg

Eng aner Petitioun fuerdert z.B. en obligatoresche Maulkuerf an der Ëffentlechkeet fir sougenannte Kampfhënn.

Leschten Update: 25.01.2018, 11:43:48

© youtube

Ganzer 10 nei Petitioune goufen den Dënschdeg bei der Chamber deposéiert. An do ass op mannst eng dobäi, déi et wuel leider net an den ëffentlechen Debat an der Chamber wäert packen, déi awer op mannst ganz ambitiéis Ziler a Saache Weltraumtechnologie verfollegt. Aner Petitioune sinn dogéint awer méi seriö ze huelen.


Doudesstär vun 160 Kilometer Duerchmiesser fir Lëtzebuerg

Et ass d'Petitioun mat der langweileger Nummer 952, déi fuerdert, dass Lëtzebuerg eng Weltraum-Krichsstatioun kréie soll, dat a Form vum Death-Star aus Star Wars. Hei gëtt also gefuerdert, dass e sougenannten Doudesstäer vun 160 Kilometer Duerchmiesser am Weltraum gebaut gëtt, deen duerno ganz Planéiten zerstéiere kéint.


© chd.lu


Mä well dat net esou d'Saach vum Grand-Duché ass, wäert et dës Petitioun wuel kaum wäit packen.

Lauschtert hei d'Hannergrënn zu Petitioun!


Keng sougenannte Kampfhënn ouni Maulkuerf

Ma et gouf awer nach eng ganz Rëtsch aner Petitiounen, z.B. eng, déi e Verbuet vu sougenannte Kampfhënn ouni Maulkuerf an der Ëffentlechkeet fuerdert. Hei gëtt et jo schonn zanter Éiwegkeeten Diskussiounen, wat mat deem Begrëff iwwerhaapt gemengt ass, an ob dëst Sënn mécht.

Plainte vu Lëtzebuerg géint däitsch Maut

Da fuerdert eng weider Petitioun, dass Lëtzebuerg eng Plainte virun den zoustännege Geriichter mécht an zwar géint de Péage-Projet, also d'Maut an Däitschland. Och dat gouf jo scho vill Diskutéiert.

Viru kuerzem hate mir jo schonn doriwwer geschwat an et war och Sujet vun enger parlamentarescher Fro. Nodeems Däitschland bei deem Projet e bëssen nogebessert hat, hat de Grand-Duché jo anescht wéi Éisträich an Holland dorop verzicht fir juristesch géint d'Maut virzegoen. D'Äntwert vum Minister Bausch war deemools, dass en éischter op en europäesche Péage-System wéilt setzen amplaz, dass all Land elo säin eegene kritt.

An eng aner fuerdert nach, dass et de Staatsbeamten erlaabt ass, manner wéi eng Stonn Mëttegpaus ze huelen.

Wéi gesot sinn dës Petitiounen elo mol eréischt deposéiert ginn. Bei verschiddenen ass eleng duerch d'Iwwerschrëft net ganz kloer ervir gaangen, wat do genee gefuerdert gëtt. Dëst wäerte mir da gewuer sinn, wann se ugeholl ginn a fir d'Ënnerschrëften um Chamber-Site opgemaach ginn.