VW entschëllegt sechAfen hu missten Diesel-Ofgase fir Tester anootmen

Viru ronn 4 Joer huet VW d'Ofgase vun Dieselautoen un Afe getest, fir ze weisen, dass dëst onschiedlech ass.

Leschten Update: 29.01.2018, 10:10:03

© LUIS ROBAYO / AFP

Am Kader vum Prozess deen d'USA géint VW am Moment feiert, koum elo eraus, dass VW viru ronn 4 Joer Déiereversich gemaach huet, fir ze beweisen, dass d'Ofgaser vun Dieselautoen net schiedlech fir d'Gesondheet sinn.

Dës Etude gouf och vun BMW an Daimler mat finanzéiert a beim Lovelace Respiratory Research Institute an den USA an Optrag ginn.

D'Geriichtsakte géifen der "New York Times" an der "Süddeutschen Zeitung" virleien.

Duerchgefouert goufen dës "Etüden" am Joer 2014, dat an den USA selwer, méi genee zu Albuquerque am US-Bundesstaat New Mexico.

Grond vun den Experimenter war et déi politesch Debatte fir VW no fir ze bréngen, well kuerz virdrun d'WHO d'Ofgase vun Dieselautoen als geféierlech agestuuft huet.

Fir d'Etüd hunn Laangschwanzmakake ronn 4 Stonne missten an engem loftdichte Raum sëtzen an d'Dieselgasen anootmen. Während deem sollen se Zeechentrickfilmer gewise kritt hunn.

Eendeiteg Resultater konnt een deemools net realiséieren, virun allem well och deemools schonn d'Testautoe manipuléiert goufen, an och bei der Etüd mat manner Schuedstoffer gelaf sinn, wéi normalerweis.

VW huet sech op alle Fall am Kader vum Prozess an den USA fir dës Etüd entschëllegt.

Links