Joe Thein"Politescht motivéiert Attentat op mech a meng Famill"

De Joe Thein weist sech op Facebook schockéiert iwwert dat wat an der Nuecht op e Sonndeg bei him doheem geschitt ass.

Leschten Update: 05.02.2018, 16:25:03

© AFP

An der Nuecht op e Sonndeg géint hallwer 4 soll et zu Péiteng ee "geziilt a politescht motivéiert Attentat" op de jonke Politiker Joe Thein a seng Famill ginn hunn. Dat schreift de Joe Thein, President vun "déi Konservativ" op senger Facebook-Säit.

Wéi et heescht, goufen d'Fënstere vum Familljenhaus duerch ee Knuppert "gesprengt". Ee weideren Auto op engem Parking wier beschiedegt ginn. Wéi de Joe Thein schreift, wier awer kee blesséiert ginn.