„Let's make it happen“Animatiounsfilm mécht Reklamm fir Lëtzebuerg

De Film ass eng Produktioun vum Realisateur vu Mr. Hublot, deen 2014 den Oscar fir de beschte Kuerzfilm gewonnen hat.

Leschten Update: 08.02.2018, 07:08:43

© Komittee Inspiring Luxembourg

Am Kader vun enger Avant-Première am CNA zu Diddeleng huet d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener den Dënschdeg de Kuerzfilm „ Let's make it happen“ presentéiert. Dëse Film, gouf vum Oscargewenner vun 2014 fir de beschte Kuerzfilm mam Film Mr. Hublot, dem Laurent Witz vun Zeilt Productions realiséiert.





E soll Reklamm fir Lëtzebuerg am Kader vum sougenannte „Nation Branding“ maachen. Kuerz resuméiert handelt de Film, deen Animatioun mat reelle Landschafte vermëscht vun engem Papeiersvillchen, deen duerch d'Ae vun engem klenge Meedche gekuckt ëmmer méi wäit flitt.

Bei all Etapp vu sengem Parcours kënnt dann d'Vue vun engem anere Personnage dobäi.

Geduecht ass de Film virun allem fir am Ausland gewisen ze ginn an Lëtzebuerg deene méi no ze bréngen, déi net esou vill iwwer de Grand-Duché wëssen. Donieft soll domat awer och déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg promouvéiert ginn.