Rosa Uniformen"Rosa Lëtzebuerg" weist sech wéineg begeeschtert

No der Remark an der Entschëllegung vum CSV-President Marc Spautz, huet sech d'Organisatioun zu Wuert gemellt...

Leschten Update: 11.02.2018, 11:38:33

Nom Virfall mat de Rosa Uniformen um CSV-Südkongress an nodeems dem Parteipresident Marc Spautz, deem dëse Faut-Pas geschitt ass, sech entschëllegt huet, ass et d’Associatioun Rosa Lëtzebuerg, déi sech an engem Communiqué zu Wuert mellt.

De Marc Spautz hat jo um Kongress den Etienne Schneider deels verbal kritiséiert an him ënnerstallt, dass wa méiglech d’Police elo géif rosa Uniformen kréien. Dës Ënnerstellung léisst Rosa Lëtzebuerg net esou stoen a weist sech entsaat iwwert dës wéi si mengen diskriminéierend an homophob Referenzen.

Liest hei de ganzen Communiqué!

De Schued deen de Marc Spautz der Organisatioun no an der Communautéit ugeriicht hätt, wir innacepatabel an och mat enger Entschëllegung net gutt ze maachen.

Mee och d’Reaktiounen an de soziale Netzwierker, déi de Fall deels banaliséieren, schockéiert Rosa Lëtzebuerg a géif weisen, dass d’Acceptanz zu Lëtzebuerg nach laang net do ass wou se am Joer 2018 am fong sollt sinn. 

Links