Dikricher Cavalcade Streidereien, Blesséierter an eng futtis Fënster

Zu Dikrech war e Sonndeg Cavalcade. D'Police mellt e puer Tëschefäll.

Leschten Update: 13.02.2018, 09:18:03

© Eldoradio

Op der Dikricher Cavalcade huet d’Police e Sonndeg eng Dose Mol missen intervenéiere wäll Persoune gestridden hunn. Bei dräi Virfäll goufe Leit blesséiert. Weider heescht et vun der Police, dat bei engem Sträit, d’Fënster vun engem Geschäft an der Grand-Rue futti gefuer ass.

Zwou Persounen déi ze vill gedronk hate, koumen an de Passagenarrest, an dräi Kanner déi verluer gaange si, konnten kuerz drop vun der Police fonnt ginn.