Olympesch Wanterspiller a SüdkoreaÉischten Dopingfall

Bei den Olympesche Wanterspiller a Südkorea gëtt et een éischten Dopingfall. Ee japanesche Sportler gouf positiv op eng verbuede Substanz getest.

Leschten Update: 14.02.2018, 05:35:00

© AFP/Mladen ANTONOV

Bei den Olympesche Wanterspiller zu Pyeongchang gëtt et en éischten Dopingfall. De japanesche Sportler am séiere Schlittschongfueren Kei Saito gouf dem Internationale Sportgerichtshaff CAS no bei enger Trainingskontroll positiv op eng verbuede Substanz getest, mat där Doping verschleiert ka ginn. Hie wier dofir virleefeg suspendéiert ginn an huet dat Olympescht Duerf well verlooss, esou heescht et. De Saito war als Ersatzmann fir déi 5.000 Meter Staffel virgesinn.