Déidlecht Accident zu RëmelengMann (69) rennt mam Auto an e Bam

Zu Rëmeleng gouf et e Méindeg den Owend ee schwéiert Verkéiersaccident. Ee Mann vun 69 Joer aus dem franséischen Ottange huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 14.02.2018, 14:35:53

© Police Grand-Ducale

Déidlecht Verkéiersaccident e Méindeg den Owend zu Rëmeleng.

Géint 23h30 war een Automobilist an der rue des Martyres vun der Strooss ofkomm a mat der rietser Autossäit an e Bam gerannt.

De 69 Joer ale Mann aus dem franséischen Ottange konnt just nach dout aus dem Auto gebuerge ginn.

Op der Plaz waren den Noutdokter an d'Ambulanz aus Esch, wéi och d'Rettungsdéngschter aus Rëmeleng an déi Escher Police.
© Police Grand-Ducale