ZeienopruffBuschauffer an der Stad attackéiert a blesséiert ginn

E Méindeg gouf ee Buschauffer an der Stad vun engem jonke Mann agresséiert. De Buschauffer gouf blesséiert. D'Police sicht no Zeien.

Leschten Update: 14.02.2018, 05:35:12

© afp

An der Stad koum et e Méindeg de Mëtte géint 14h45 zu engem Tëschefall. Ee jonke Mann hat um Boulevard Royal op der Héicht vun der Kräizung mat der Grand Rue mat engem Fauschtschlag ee Bus beschiedegt, dee laanscht hie gefuer ass.

Nodeems de Buschauffer de Bus gestoppt hat fir de jonke Mann zur Ried ze stellen, koum et zu Handgräiflechkeeten, woubäi de Buschauffer blesséiert gouf. Während dem Virfall souze Leit am Bus, déi allerdéngs net méi do ware, wéi d'Police op Plaz komm ass.

An deem Zesummenhang sicht d'Police no Zeien, déi eppes gesinn hunn. All Informatioun ass fir den 113 respektiv fir d'Stater Police (Telefonsnummer: 24421-200).