SatellittemiessungenMieresspigel klëmmt méi séier wéi geduecht

D'Äerderwäermung léist de Mieresspigel klammen. Dee soll méi séier klamme wéi bis ewell ugeholl gouf, soe Fuerscher.

Leschten Update: 13.02.2018, 18:31:05

© AFP/Archiv/Dominique Faget

De Mieresspigel klëmmt méi séier wéi geduecht. Zu deem Resultat kommen US-Fuerscher vun der Uni Colorado. Mat Hëllef vu Satellittemiessungen hunn si festgestallt, dass de Mieresspigel zënter 1993 all Joers ëm 3 Millimeter klëmmt. Bis Enn vum Jorhonnert rechne si mat all Joers 10 Millimeter. Domat géif de Mieresspigel an 80 Joer 65 Zentimeter méi héich leie wéi 2005. Dat wier duebel esou vill wéi bis ewell ugeholl. Grënn sinn de Fuerscher no ënnert anerem d'Schmëlze vun de Gletscher.