FentengAarbechter vu Stee gefall

Een Aarbechtsaccident gouf et en Dënschdeg de Mueren zu Fenteng op engem Chantier. D'Air Rescue war op der Plaz.

Leschten Update: 14.02.2018, 13:44:41

© Eldoradio

Zu Fenteng ass en Dënschdeg de Mueren een Aarbechter op engem Chantier vun enger Stee e puer Meter déif erof gefall. Wéi schwéier den Aarbechter blesséiert gouf, ass nach net gewosst. D'Air Rescue war op der Plaz.