USAWat geschitt mat de sougenannten "Dreamer"?

An den USA huet am Senat en Dënschdeg d'Diskussioun iwwert jonk Immigranten ugefaangen, déi illegal als Mannerjäreger an d'Land komm sinn.

Leschten Update: 14.02.2018, 05:35:19

© TIMOTHY A. CLARY / AFP

Am US-Senat ass en Dënschdeg déi vill diskutéiert Debatt ëm d’Immigratiounsgesetz ugaangen.

Hei gëtt jo iwwert d’Zukunft vu knapp zwee Millioune sougenannte „Dreamer“ decidéiert. Eng Gesetzespropositioun gesäit jo vir, dass ronn 1,8 Milliounen Immigranten, déi illegal als Mannerjäreger an d’USA komm sinn, ënnert verschiddene Konditioune kéinten agebiergert ginn.

Bis ewell sinn zwar dës „Dreamer“ virun enger Expulsioun aus den USA protegéiert, dëse Schutz leeft awer de 5. Mäerz aus.