Fuesent an DäitschlandKeng Päerd méi op de Kavalkaden?

Nom Accident zu Köln, bei deem jo Päerd mat enger Kutsch ausgerass sinn a 5 Mënsche blesséiert hunn, fuerderen Déiereschützer elo e Verbuet.

Leschten Update: 14.02.2018, 05:35:17

© pixabay

Nodeems et jo elo während de Fuesdeeg zu Köln zu engem Accident mat Päerd komm ass, fuerdere vill Déiereschützer elo, dass Päerd op Kavalkade verbuede solle ginn.

E Méindeg goufe jo 5 Mënsche vun enger Päerdskutsch blesséiert, wéi d’Déiere panikéiert waren.

Wéi d’Police mellt, sollen et jo Aenzeie gi sinn, déi ausgesot sollen hunn, dass mat Fläschen op d’Déiere geheit gi wier.

Schonn zënter méi laangem gëtt et jo d’Kritik, dass net genuch géif während Fuesent a Kader vun Déiere wéi Päerd kontrolléiert ginn.