EurostatNëmmen 1/4 vun de Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg si Fraen

Lëtzebuerg läit EUROSTAT no op der leschter Plaz an der EU wat de Fraenundeel u Frae bei Wëssenschaftler an Ingenieuren betrëfft.

Leschten Update: 14.02.2018, 05:35:23

© Ezequiel BECERRA / AFP

Nëmmen e Véierel vun de Wëssenschaftler an Ingenieuren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, si Fraen.

Dat geet aus enger neier Etüd vun der europäescher Statistikagence EUROSTAT ervir. Heiranner geet och ervir, dass am Verglach mat anere Länner an der EU, Lëtzebuerg bei wäitem de klengsten Undeel u Fraen an dëse Branchen huet.

Den EU Duerchschnëtt läit bei 40%, de Grand-Duché kënnt op grad emol 25%.