112Eng Persoun gëtt tëscht 2 Busser ageklemmt

De Virfall ass géint 13.45 an der Avenue Monterey geschitt. D'Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz.

Leschten Update: 14.02.2018, 18:17:28

© Eldoradio

Den 112 mellt e méi schwéiert Accident an der Avenue Monterey an der Stad. Geschitt war dat ganz e Dënschdeg de Mëtteg um Véierel fir 2.

Wéi et heescht gouf eng Persoun hei tëscht 2 Busser ageklemmt.

Dës Persoun gouf dann och blesséiert, wéi de geneeën Zoustand ass, ass awer net gewosst. D’Rettungsequippen an d’Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.