No Putin-LigenDen hollänneschen Ausseminister trëtt zréck

E Méindeg hat de Minister zouginn, iwwert en Treffe mam Putin gelunn ze hunn, fir eng Aggressioun

Leschten Update: 14.02.2018, 05:35:27

© Martijn Beekman / ANP / AFP

Den hollänneschen Ausseminister Halbe Zijlstra ass no enger Ligen iwwert en Treffe mam russesche President Wladimir Putin zeréckgetrueden.

Dat huet de rietsliberale Minister en Dënschdeg am Parlament zu Den Haag matgedeelt. Dësen hat jo erkläert, dass dëse vum Wladimir Putin matgedeelt krut, dass hie Pläng iwwert e Grouss-Russland hätt. Doropshin hat de Minister dunn virun Aggressioun vu Säite Russland gewarnt.

E Méindeg hat hien dunn awer vis-à-vis der Press gesot, dass d’Treffe mam Putin eng Lige war.