A6Wéinst Accident huet en Helikopter misste landen

Kilometerlaange Stau en Dënschdeg den Owend: Zwee Autoe kruten sech op der Héicht vun der Sortie Mamer/Capellen ze paken.

Leschten Update: 14.02.2018, 18:17:30

© Eldoradio

Wéinst engem méi schwéieren Accident géint hallwer 6 gouf d’Areler A6 a Richtung Belsch op der Héicht vun der Sortie Mamer/Capelle komplett gespaart. Wéi et Säitens dem CITA heescht, gouf et op dëser Plaz en Accident tëscht 2 Autoen.

Wéi et heescht war och de Rettungshelikopter op der Plaz, wat dann och déi komplett Fermeture vun der Autobunn erkläert.

Wéi Eldoradio vun der Police matgedeelt kruten, wier dësen Helikopter awer géint kuerz no 6 Auer nees gestart. Wéi et zum Accident komme konnt, a wéi vill Leit blesséiert goufen ass net gewosst. 

Um kuerz virun halwer 7 goung et dann lues a lues nees iwwert d'Pannespuer.