Nei Avenue op der Stater GareBeem musse wéinst ë.a. dem Tram fort

Wéi RTL mellt, wäerten eng Partie Beem an der Neier Avenue op der Stater Gare ëmgehae ginn, dat wéinst dem Tram. Dës Beem wäerten awer ersat ginn.

Leschten Update: 15.02.2018, 04:31:44

© Eldoradio

Wéi RTL mellt, sollen an der Neier Avenue op der Stater Gare deemnächst op béide Säite Beem ëmgehae ginn.

Grënn heivir sollen de Chantier vum Tram, a Sanéierungsaarbechten um Kanalisatiouns- a Stroum-Reseau vun der Stad sinn. Wéi elo Säitens den Autoritéite präziséiert gouf, sollen dës Beem awer integral an a voller Gréisst nees ersat ginn. 

Wéi et heescht sollen et den 23. Februar op enger Pressekonferenz Detailer ginn, wéi et mam Tram-Chantier weidergeet.