1 Joer nom Zuchongléck bei BeetebuergOfschloss-Rapport nach net do

1 Joer ass et hir wou et bei Beetebuerg zu engem déidlechen Zuchaccident komm ass. Nach gëtt op den Ofschloss-Rapport gewaart.

Leschten Update: 15.02.2018, 04:25:33

© Eldoradio

Genee ee Joer ass et hir wou tëscht Beetebuerg an Diddeleng ee Persounenzuch an ee Gidderzuch sech ze pake kruten. De Maschinist vum lëtzebuerger Persounenzuch koum dobäi ëm d‘Liewen. D’Lescht Joer am Mäerz war an engem Tëscherapport festgehale ginn, dass d’Ongléck souwuel op technesch wéi och op ee mënschleche Feeler zeréckzeféiere sinn. Den Ofschloss-Rapport léisst nach op sech waarden.

© Police Grand-Ducale