Fligerongléck bei MoskauInstrumenter vum Fliger ware wuel veräist

Antëscht hunn Ermëttler Indicen iwwert d'Onglécksursaach fonnt. Wichteg Instrumenter hu wuel versot.

Leschten Update: 14.02.2018, 18:17:34

© AFP/Dmitry SEREBRYAKOV

Éischten Ermëttlungen no, kéinte veräiste Vitessemiesser fir de Fligercrash a Russland responsabel sinn. Wéi et vu Moskau heescht, hätt dës eng virleefeg Analys vun de Blackboxen erginn. D’Piloten hätten sou falsch Informatioune vun de Geräter kritt, heescht et weider. Beim Fligercrash de leschte Sonndeg waren 71 Mënschen ëm d’Liewe komm.