AusnamereegelungLiewensmëttel-Butteker dierfen schonn um 4 Auer opmaachen

D'Verwaltungsgeriicht huet engem Bäcker Recht ginn, deen sech par Rapport zu Tankstellen diskriminéiert gefillt huet.

Leschten Update: 15.02.2018, 08:03:11

© pxhere

De Wirtschaftsministère huet eng Ausnamereegelung vun engem Joer fir Bäcker a Metzlere festgesat, déi et hinnen erlaabt, schonn um 4 Auer hire Buttek opzemaachen, dat bis 9 Auer Owes. Dat huet d’Staatssekretärin Françine Closener am Interview mat RTL confirméiert.

Hei goung et am Virfeld ëm e Fall um Verwaltungsgeriicht, wou e Bäcker geklot hat, well Tankstelle scho viru 6 Auer hir Produiten duerfe verkafen.

An dëst ass dem Verwaltungsgeriicht no Diskriminatioun. Als Reaktioun heirobber, gouf dann elo mol vum Wirtschaftsministère eng Derogatioun vun engem Joer festgesat, wou d’Butteker da schonn um 4 Auer Moies dierfen opmaachen.