Korruptiouns-SkandalDe President vun Oxfam gouf festgeholl

D'Hëllefsorganisatioun kënnt och no de rezente Mëssbrauchsvirwërf net zur Rou a muss sech elo Korruptioun virwerfe loossen.

Leschten Update: 15.02.2018, 04:25:43

© JOHAN ORDONEZ / AFP

No de Sexskandaler géint Oxfam, gëtt der britescher Hëllefsorganisatioun elo och nach Korruptioun virgehäit. De President vun Oxfam, de Juan Alberto Fuentes Knight, gouf an deem Zesummenhang elo am Guatemala festgeholl.

Ënnert anerem gëtt him an dem Ex-Staatschef vum Guatemala, dem Alvaro Colom Bedruch an d’Hannerzéie vu Geld virgehäit.

De Fuentes Knight huet säin Amt bei Oxfam dann och elo neier geluecht a betount, dass d’Virwërf am Kader vu senger Funktioun als fréiere Finanzminister a net als Oxfam-President ze verstoe wieren.