Attentat vu ParäisEe vun de presuméierte Komplize gouf fräi gesprach

Den Jawad Bendaoud gouf beschëllegt, d'Attentäter vu Paräis bei sech an senger Wunneng ënnerbruecht ze hunn. D'Geriicht huet hien elo fräi gesprach.

Leschten Update: 15.02.2018, 14:05:29

© Benoit PEYRUCQ / AFP

Eng Iwwerraschung gouf et e Mëttwoch am Prozess géint 3 Komplize vun den Attentater vu Paräis vum 13. November 2015.

Den Haaptugekloten den Jawad Bendaoud gouf nämlech de Mëtteg um Geriicht zu Paräis fräigesprach.

Dësen hat den Islamiste jo eng Wunneng zu Dispositioun gestallt, allerdéngs ofgestridde vun den Dote gewosst ze hunn.

Dëst huet d’Geriicht och esou gesinn, well de Contraire net konnt bewise ginn. Deemools ware jo 130 Leit bei den Attacken zu Paräis gestuerwen.