Valentinsdag zu SaarbréckenFra geet friem, Mann kritt Blummendëppen op de Kapp

E ganz spezielle Fall hat d'Police vu Saarbrécken. Well de Mann seng Fra mat engem méi Jonken am Bett erwëscht, kritt deen e Blummendëppen of...

Leschten Update: 16.02.2018, 04:28:09

© pixabay

Zu engem méi ongewéinleche Virfall koum et direkt hei fir zu Saarbrécken, wéi en 28 Joer ale Mann aus Saarbrécken seng Partnerin op Valentinsdag wollt mat engem Blummendëppen iwwerraschen.

De Mann koum allerdéngs e wéineg ze frei an d’Wunneng, sou dass hien seng 26 Joer al Partnerin am Bett mat engem anere Mann vun 22 Joer inflagranti erwëscht huet. Aus Roserei huet de Frënd vun der Fra de Kaddo geholl an dësen dem männlechen Affer deen am Bett louch op de Kapp geschloen.

De Mann gouf dobäi blesséiert an huet missten am der Klinik zu Saarbrécke behandelt ginn. Géint den enttäuschte Frënd gouf iwwerdeems Ermëttlunge wéinst schwéierer Kierperverletzung opgeholl.