Police2 Fäll vu Fueren ënnert Alkoholafloss

Eemol huet eng Fra sech ënnert enger Bréck op der A4 geparkt, déi aner Kéier ass e Mann an en Auto gerannt an einfach fort gefuer.

Leschten Update: 15.02.2018, 10:12:06

© Eldoradio

Der Police ass en Dënschdeg Mëtteg ënnert der Autobunnsbréck op er A4 op der Héicht vu Leideleng a Richtung Esch eng Fra opgefall, déi niewent hirem Auto op der Pannespur stoung. Well dat ganzt e wéineg geféierlech fir de Trafic war, gouf d’Fra gebieden déi nächsten Ausfaart ze huele fir dass hir do ka weidergehollef ginn. No nëmmen e puer Meter ass de Beamten dunn awer opgefall, dass d’Fra net méi am Stand war ze fueren.

Si ass Schlaangelinne gefuer an direkt e puer mol an d’Leitplanke gerannt. Well dat ganzt dunn ze geféierlech war, gouf den Trafic ofgebremst an d’Automobilistin gouf opgefuerdert stoen ze bleiwen.  Den Test war dann och positiv, de Permis war dohier fort an d’Fra gouf protokolléiert. 

En Dënschdeg den Owend géint 10 op 7 koum et zu engem Verkéiersaccident am Rondpoint Kietscht. Eng Automobilistin gouf hei vun engem aneren Auto gerammt, de schëllege Fuerer huet sech a Richtung Uerschdref ewech gemaach. D’Automobilistin gouf net blesséiert.  Den alkoholiséierte Chauffeur gouf kuerz drop zu Bilschdref bei senger Wunneng ugetraff, dat well säin deels staark beschiedegten Auto virun der Dier stoung.  Och hei gouf de Permis agezunn.