Arel Pierson zu liewenslänglechem Prisong verurteelt

Am Hierscht 2014 gouf d'Béatrice Berlaimont um Heemwee vun der Schoul entfouert an ëmbruecht. De presuméierten Täter gouf elo schëlleg gesprach.

Leschten Update: 16.02.2018, 14:48:38

Nodeems de Jérémy Pierson um Mord um jonke Béatrice Berlaimont gëschter zu Paräis um Geriicht schëlleg gesprach gouf, koum haut d’Uerteel iwwert d’Strof géint de Pierson.

De Mäerder vum Beatrice muss liewenslänglech an de Prisong, dat ebe wéinst Mord, Kidnapping, Vergewaltegung a Sequestratioun.

Enn November 2014 war dat jonkt Béatrice vun Arel jo um Heemwee vun der Schoul verschwonnen. Ufank Dezember gouf d’Meedchen dunn dout opfonnt.