Amoklaf an enger Schoul a Florida17 Doudeger, Täter festgeholl

An enger Highshool a Florida gouf et een Amoklaf. Ee fréiere Schüler huet 17 Mënschen erschoss a 50 weiderer blesséiert.

Leschten Update: 16.02.2018, 04:28:15

© Michele Eve SANDBERG / AFP

Zu Parkland am US-Bundesstaat Florida si bei engem Amoklaf an enger Schoul 17 Mënschen erschoss ginn. 50 weider Persoune goufe blesséiert, e puer vun hinne méi schwéier. De presuméierten Täter gouf festgeholl.

Et géif sech der Police no ëm ee fréiere Schüler handelen deen aus disziplinaresche Grënn vun der Schoul geflunn ass.

Den 19 Järegen hätt mat enger hallef-automatescher Waff op d’Leit an der Schoul geschoss.





© Michelle Eve SANDBERG / AFP


© Michelle Eve SANDBERG / AFP


© Michele Eve SANDBERG / AFP