Police vun DikrechIwwer 1 Kilo Speed séchergestallt ginn

5 Persoune goufe kuerz virum Weekend am Raum Tandel festgeholl, dat no wochelaanger Enquête. Ënnert anerem goufe Speed, Extasy-Pëllen a Kokain séchergestal

Leschten Update: 06.03.2018, 11:50:49

© Police

Am Kader vun enger wochelaanger Enquête vum Drogendepartement bei der Police vun Dikrech, gëtt elo matgedeelt, dass ee ganzer 5 Persoune festhuele konnt.

Den Zougrëff ass den 1. Mäerz, also e leschten Donneschdeg geschitt, dat am Beräich vun der Gemeng Tandel. 2 Persoune koumen och direkt virun den Untersuchungsriichter a sëtzen zënter hir an Untersuchungshaft.

Ënnert anerem gouf en Auto, eng Geldzomm vun iwwer 1600 Euro, iwwert annerhallwe Kilo Amphetaminnen, 899 Extasypëllen, 57 Gramm Cannabis an 53 Gramm Kokain confisquéiert.