BelvalExplosioun um Site vun Arcelor Mittal

En Dënschde de Muere koum et no engem Brand um Belval zu enger Explosioun. Kee gouf blesséiert.

Leschten Update: 07.03.2018, 10:06:39

© Eldoradio

Wéi d'Police Eldoradio op Nofro confirméiert huet koum et en Dënschdeg de Muere géint 07.00 Auer um Belval um Site vun Arcelor Mittal zu enger Explosioun.

Wéi et heescht hat et do op engem Daach gebrannt, doduerch waren och zwou Gasfläschen a Brand geroden, déi dunn explodéiert sinn.

Dëst nach ier d'Pompjeeën op der Plaz waren. Weider heescht et, dass de Brand séier ënner Kontroll konnt bruecht ginn. Blesséiert gouf bei dësem Tëschefall keen, et blouf beim Materialschued.