Déidlecht Accident tëscht Bur an DondelAutomobilist (81) rennt mam Auto an e Bam

En Donneschdeg de Muere koum et zu engem uergen Accident op der N12 tëscht Bur an Dondel. Een Automobilist vun 81 Joer huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 09.03.2018, 14:59:17

© Police Grand-Ducale

Tëscht Bur an Dondel koum et en Donneschdeg de Mueren zu engem déidlechen Accident.

Géint 10h15 war een Automobilist aus nach ongekläerte Grënn vun der Strooss ofkomm an ass frontal mam Auto an e Bam gerannt.

Fir den 81 Joer ale Mann aus Groussbus koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz gestuerwen.

© Police Grand-Ducale