"Veviba"-Skandal12 Joer aalt Fleesch an de Kosovo geliwwert ginn

Fleesch, dat 2004 vu Veviba verschafft gouf, wier réischt 2016 an de Kosovo geliwwert ginn, mellt eng flammännesch Zeitung.

Leschten Update: 13.03.2018, 18:33:01

© AFP/Archives/Pablo Porciuncula

De Fleesch-Skandal an der Belsch breet sech weider aus.

Wéi déi flammännesch Zeitung Het Laatste Nieuws um Dënschdeg schreift, wier Fleesch dat 2004 am Veviba-Schluechthaus zu Baaschtnech verschafft gouf, 12 Joer méi spéit, also 2016 mat engem Camion an de Kosovo geliwwert ginn.

Déi meescht Etikette vun der Mark Veviba wieren op de Fleeschverpackungen zerrappt gewiescht. D’Verschaffungsjoer 2004 wier nach sou just op den Etikettestécker ze erkenne gewiescht. 

Der kosovarescher Inspection sanitaire wier deemools och opgefall dat de Verschaffungsdatum gefälscht gouf. Wéi et heescht hätt een déi belsch Autoritéiten doriwwer informéiert, allerdéngs wier näischt geschitt.


Auswierkungen zu Lëtzebuerg

Nom Skandal wollt d'CSV-Deputéiert Octavie Modert vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen weider Renseignementer iwwer d'Auswierkunge vun dësem Tëschefall op Lëtzebuerg hunn. Zesumme mat der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch huet dee virop gemengt, dass just eng kleng Zuel u spezifesche Produite concernéiert gewiescht wieren. Dorënner wier Gehacktes a Schwänz vu Ränner gewiescht.

Nëmmen d'Schwänz wieren op Lëtzebuerger Terrain verkaaft ginn. Wéi et weider heescht géif et wéinst der klenger Quantitéit vun de concernéierte Produite fir de Moment zu Lëtzebuerg keng gesondheetlech Riske ginn.

D'Schluechthaus, an deem och d'lescht Joer eng 1'400 Ränner aus Lëtzebuerg geschluecht goufen, wier awer net zougemaach ginn. Nëmmen d'Zouloossung fir de Sall an deem zougeschnidde gëtt an d'Productiouns-Unitéit wieren dem Schluechthaus entzu ginn.