KierchbiergEvakuatioun am Gebai vum Europaparlament

Am Laf vum Moien ass dem Sécherheetspersonal am Gebai en Ammoniak-Geroch opgefall. D'Fuite gouf behuewen, kengem Mënsch ass eppes geschitt.

Leschten Update: 14.03.2018, 08:07:09

© Google Maps

En Dënschdeg de Muere koum et um Kierchbierg am Gebai vum Europaparlament zu enger Evakuatioun, dat géint kuerz virun 10 Auer. 

Wéi d’Police matdeelt, hätt een en Ammoniak-Geroch wouer geholl, sou dass d’Sécherheetspersonal vum Gebai decidéiert huet d’Leit aus de Büroen ze evakuéieren. 

Wéi et spéider geheescht huet, wier Ammoniak aus engem Kompresser erauskomm, dat ganzt gouf mëttlerweil awer nees gefléckt, kengem ass eppes geschitt.