PoliceCihan Guzel ass op der Flucht

Hien gouf am Januar zu 22 Joer Prisong veruerteelt, dat wéinst engem Iwwerfall op eng Sécherheetsfirma an der Stad am Joer 2013.

Leschten Update: 14.03.2018, 06:43:42

© Police

De Cihan Guzel, deen am Januar dëst Joer zu Lëtzebuerg zu 22 Joer Prisong veruerteelt gouf ass zënter e puer Wochen schonn op der Flucht. Kuerz virdrun hat de Concernéierten an der Belsch gewunnt.





Zwee vun senge Komplizen, déi och zu 22 Joer Prisong veruerteel goufen, sëtzen den Ament schonn zu Lëtzebuerg am Prisong. Déi gesichte Persoun, déi am Joer 2013 zesummen mat sengen Komplizen eng Sécherheetsfirma (G4S) an der Stad attackéiert hat, gehéiert enger krimineller Band un.

Während hirer Flucht haten déi sech dunn eng Schéisserei mat der Police geliwwert. Mat Maschinnegewierer goufen op mannst 85 Schëss ofginn. Duerno waren déi Kriminell a Richtung Belsch geflücht, wou se du vun der Police festgeholl goufen.

Alleguerten d’Informatiounen iwwert de Flüchtegen sinn natierlech fir d’Police.