Stad LëtzebuergVollerten, déi an engem fräie Land liewen...

Zwee Männer, déi wuel een iwwert den Duuscht gedronk haten, hunn en Dënschdeg fréi Kaméidi gemaach, d'Police-Beamte beleidegt a souguer attackéiert.

Leschten Update: 14.03.2018, 05:40:07

© Eldoradio

Kuerz no Mëtternuecht gouf d’Police en Dënschdeg op en Asaz an der rue du Fort Neipperg geruff. Hei waren zwee Alkoholiséiert Männer ënnerwee an hunn haart gejaut a gesongen.

Nodeems d’Police béid Männer opgefuerdert huet d’Nuetsrou anzehalen an d’Awunner net ze stéieren, hunn déi sech allerdéngs net konnte berouegen.

D’Vollerten hunn uginn an engem fräie Land ze liewen an dass se maache kéinte wat en se wëllen an hunn d’Beamte beleidegt, ugespaut a si souguer handgräiflech ginn.

Kuerz drop goufe béid Persounen an Arrest bruecht an eng Plainte gouf an d’Weeër geleet.