CIA-Chef iwwerhëlt NofollegTrump entléisst Ausseminister Tillerson

Iwwerdeems kënnt fir déi éischte Kéier eng Fra un d'Spëtzt vun der CIA als Nofolgerin fir de CIA-Chef, dee elo neien Ausseminister gëtt.

Leschten Update: 14.03.2018, 05:40:10

© JOSEPH EID, JIM WATSON / AFP

Den US-President Donald Trump huet den Dënschdeg den US-Ausseminister Rex Tillerson entlooss. Dëst huet den Trump via Twitter matgedeelt.





Nofolger gëtt de CIA-Chef Mike Pompeo. Deem seng Stellvertriederin Gina Haspel iwwerhëlt dann d'Leedung vum Geheimdéngscht.

Et ass domat déi éischte Fra un der Spëtzt vun der CIA.