Aussepolitesch DeklaratiounEU ass nach net prett fir eng weider Kris

Virun der Chamber huet den Ausseminister Jean Asselborn den Dënschdeg iwwer d'Lëtzebuerger Aussepolitik geschwat.

Leschten Update: 14.03.2018, 08:08:35

© Chambre des Députés / Twitter

Virop war et d'Warnung virum Trend zum Unilaterismus an dem Ënnergruewe vun de Mënscherechter an de Rechtsstaaten. Et misst een sech als Lëtzebuerg dofir weider géint dës Tendenze wieren.

Weider war och d'Migratioun an d'Flüchtlingen en Thema. Am Resumé wier Europa nach ëmmer net prett fir eng weider Kris, esou de Minister, d'Klima wier de Moment net favorabel fir grouss Fortschrëtter kënnen ze maachen.

Aus wirtschaftlecher Siicht hätt Europa sech awer signifikativ erholl, mat Ausnam vun der Jugendaarbechtslosegkeet. Natierlech war och de Brexit en Thema: De Jean Asselborn huet sech an deem Sënn gewënscht, dass Groussbritannien och no der Scheedung e wichtege Partner vun der EU bleift.

Weider géif sech Lëtzebuerg och staark maache fir méi eng sécher Welt, dëst ënner anerem duerch d'Erfëllung vun den NATO-Obligatiounen a Saache Satellitte-Kommunikatioun.

Aner Sujete waren d'Tierkei, de Konflikt am Noen Osten, de Konflikt mat Nordkorea, d'Flüchtlingspolitik an natierlech dem Handelssträit mat den USA. Hei géif een d’Astellung vum US-President Trump op kee Fall acceptéieren.

D'Bild, dat den Ausseminister gezeechent huet, ass keent dat vill Hoffnung gëtt a weist, wéi prekär déi international Situatioun ass. Fir et am Jean Asselborn senge Wieder ze halen, et bleift nach vill ze dinn, fir dass d’Welt esou dréit wéi se misst.