Online-ShoppingVersand fir Päck soll méi transparent ginn

Vill Leit kennen de Problem: Dacks sinn d'Käschte fir grenziwwerschreidend Liwwerungen net ganz iwwersiichtlech an deier.

Leschten Update: 14.03.2018, 08:08:33

Gutt Noriichte ginn et viraussiichtlech fir Online-Keefer: Verbraucher an der EU solle Präisser fir de grenziwwerschreidenden Transport vu Päck bannent der EU geschwënn besser vergläiche kënnen. Op mannst wann et enger Direktiv nogeet, déi d'EU-Parlament den Dënschdeg decidéiert huet.

Déi soll hëllefen, dass Tariffer vu Livreure méi transparent an domat potenziell och méi gënschteg gi sollen. Domat soll ënner anerem och den Online-Handel positiv beaflosst ginn.

D'Präisser sollen der EU-Kommissioun da gemellt ginn an op engem Site verëffentlecht ginn.

D'Direktive gëllt fir privat Liwwerdéngschter awer och fir déi staatlech Post.