Belsch AutoritéitenAll Veviba-Produite si suspekt a ginn entsuergt

Bis ewell war just vu verschiddene Produite geschwat ginn, wéi et elo heescht soll de Skandal awer nach vill méi grouss sinn.

Leschten Update: 14.03.2018, 12:42:30

© Bnummer

Den Dënschdeg am Nomëtteg hunn déi belsch Autoritéite gemellt, dass all d'Produiten, déi vun der Firma Veviba vu Baaschtnech komm sinn als suspekt misste betruecht ginn.

Aus Virsiicht géifen all d'Produiten dofir vum Marché geholl ginn. Dat géif och déi Produite concernéieren, déi op Basis vun de betraffene Produiten hiergestallt gi wieren.

Weider heescht et nach, dass schonn de Groussdeel vun de Supermarchéen d'Produiten aus hire Regaler geholl hätt.