Colmar-BiergUewen op Goodyear-Site a Brand geroden

2 Aarbechter goufen dem 112 no fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht, dëst mat Verdacht op eng liicht Dampvergëftung.

Leschten Update: 14.03.2018, 12:42:33

© Google Maps

Wéi den 112 mellt gouf et en Tëschefall um Goodyear-Site zu Colmar-Bierg, dëst wéi et heescht wéinst engem Brand.

Hei wier géint 14.45 den Dënschdeg de Mëtteg d'Isolatioun vun engem Uewen a Brand geroden.

Weider wieren 2 Persoune blesséiert ginn, si wiere fir eng Kontroll an d'Spidol buecht ginn.