Accident no Course PoursuiteChauffer rennt a Bam, Auto a Pottoen

Wéi d'Police mellt koum et de Méindeg den Owend kuerz no 23.00 Auer zu engem Accident, dat no enger Course-Poursuite zu Dummeldeng.

Leschten Update: 14.03.2018, 12:42:35

© ELDO

Bei der Eisebunnsbréck koum enger Police-Patrull e Won entgéint, deen ze séier ënnerwee war. Deen huet misste staark bremse fir net den Baussespigel vum Policewon matzehuelen.

De Chauffer wollt awer op Uweisung net stoe bleiwen an ass dunn net wäit ewech accidentéiert an an 2 Pottoen an duerno an e Bam an an e geparkte Won gerannt.

Deen ass dunn nach widder weider 2 Autoe gedréckt ginn.

Um Enn huet de blesséierte Chauffer dunn zouginn en Joint am Auto gefëmmt ze hunn. Och den Alkoholtest war positiv.