Bekannten AstrophysikerDe Stephen Hawking ass dout

De britesche Wëssenschaftler Stephen Hawking ass dout. Dat deelt ee Spriecher vun der Famill mat.

Leschten Update: 14.03.2018, 19:12:21

© NIKLAS HALLE'N / AFP

De britesche Wëssenschaftler Stephen Hawking ass dout. Hien ass an der Nuecht op e Mëttwoch zu Cambridge am Alter vu 76 Joer gestuerwen. Dat deelt ee Spriecher vun der Famill um Mëttwochmuere mat.

"Mir sinn immens traureg iwwert den Doud vun eisem Papp. Hie war ee grousse Wëssenschaftler an een aussergewéinleche Mënsch, deem seng Aarbecht nach vill Jore wäert iwwerliewen", esou seng dräi Kanner an engem Schreiwes, dat déi britesch Medien nom Dout vum Stephen Hawking publizéiert hunn.

De Stephen Hawking hat zanter Joerzéngten un der Muskel- an Nervekrankheet ALS gelidden, duerch déi d'Muskelen no an no ofstierwen. Hie souz dowéinst am Rollstull a konnt sech just mat Hëllef vun engem Sproochcomputer matdeelen. 

De Wëssenschaftler huet während e puer Joerzéngten un der renomméierter Universitéit vu Cambridge enseignéiert, a gouf dacks als eng Zort Popstar vun der Wëssenschaft bezeechent.

Hien huet och a Filmer a Serie matgespillt, wou hien ëmmer sech selwer gespillt huet. Sou zum Beispill a Star Trek, The Big Bang Theory oder nach bei de Simpsons. Do dernieft huet hien och gesongen obwuel hie keng Stëmm hat. Am Song Keep Talking vu Pink Floyd schwätzt hie mat sengem Sproochcomputer ënnert anerem den Ufankssaz.

Am September 2013 ass dann och een Documentaire iwwert säi Liewe mam Titel Hawking – a brief history of mine erauskomm. Hie gouf och am Madame Tussauds zu London veréiwegt.

Lauschtert hei d'Reportage: