Protest géint US-WaffegesetzerAktioune vu Schüler am ganze Land

Nom Amoklaf an engem Lycée a Florida geet d'Debatt ëm méi streng Waffegesetzer weider. Virum Kapitol gouf et ë.a. eng Aktioun mat Schung.

Leschten Update: 14.03.2018, 17:14:30

© AFP/SAUL LOEB

Aus Protest géint d’Waffegewalt an US-Schoulen hunn Aktivisten en Dënschdeg 7.000 Puer Schung virun de Kapitol zu Washington higeluecht. D’Schung sollen un all déi Schüler erënneren, déi bei Amokleef a Schoulen zënter 2012 ëm d’Liewe komm sinn. Zënter dem leschten Amoklaf an engem Lycée a Florida, ass d’Debatte iwwer méi streng Waffegesetzer jo nees amgaangen. 

An den USA plange Schüler dann um Mëttwoch eng weider Aktioun. Um 10 Auer Lokalzäit sollen am ganze Land Schoulklasse fir 17 Minutten eidel sinn. D’Schüler wëllen domat un déi 17 Doudeger vum Amoklaf an engem Lycée a Florida viru genee engem Mount erënneren. Ee fréiere Schüler vun där Schoul hat 14 Matschüler an 3 Erwuessener erschoss.